LATEST NEWS & PRODUCTIONS
BDO League - Table Tennis Finals
Nodeems den DT Diddeleng déi éischt Finall fir sech entsched hat, wor et den 13.05. den DT Etzella déi an eegener Hal Revanche geholl an esou eng drëtt Finall erkämpft hunn. Souwuel déi zweet ewéi och déi drëtt Finall goufen, respektiv ginn live iwwert rtl.lu gestreamt.
Loterie Nationale Coupe de Luxembourg - Dëschtennis
Den Dëschtennis war an ass nach ëmmer eng vun de beléifteste Sportaarten zu Lëtzebuerg. De Niveau vun eisen Dammen an Hären ass och op internationalem Plang onëmstridden. Dofir si mir houfreg fir dëse Sport dierfen eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg live iwwert den www.rtl.lu ze streamen. Den 22. Januar iwwerdroe mir d' Coupefinall aus der Coque. Mir wäerten eis haaptsächlech op d' Finall bäi den Hären tëscht der Etzella Ettelbréck an dem DT Diddeléng konzentréieren. Awer och op d' Finall vun den Damme tëscht Nidderkäerjeng a Rued wäerte mer e Bléck geheien. Mir streame live vun 16:15 un a freeën eis op äre Kommentar op eisem facebooksite.
30t Editioun vum Novotelcup Live aus der Coque
Wéi schonn d'lescht Joer si mir frou an houfreg och 2017 kënnen de NOVOTELCUP live aus dem Gymnase vun der Coque ze iwwerdroen. Gestreamt ginn just Matcher mat der Paricipatioun vun de Lëtzebuerger Equippen. Dëss Matcher ginn iwwert RTL.LU iwwerdroen a kënnen op der ganzer Welt verfollëgt ginn. Et ginn e puer flott nei Animatiounen wou mir eis drop freeën mat Iech ze delen. Dofir kuckt bis ran oder nach besser kommt bis laanscht a feiert eis Equippen un. Gudd Stëmmung ass garantéiert. Huelt Iech elo schonn Appetit a kuckt eisen Trailer de mir fir FLVB produzéiert hunn. Fannt all Informatiounen zum Tournoi op www.novotelcup.lu
CEV Challenge Cup RSR Walfer - VB Chaumont 52 (FRA)
Den 8. Dezember spillen Walfer Volleyballhären eng éischte Kéier iwwerhaapt an der Coupe d'Europe. Datt et direkt esou e schwéiert Lous huet misse ginn - VB Chaumont war ëmmerhinn 3. an der franséicher Ligue A - ass engersäits Pech awer och eng Chance fir sech géint Topathleten ze beweisen. Dobäi kënnt datt Chaumont e ganz enthousiasteschen Fanclub huet den si och op Auslandsreesen ëmmer begleed. D' Stëmmung an der Hal wäert opjiddfall kachen a SPORTSTREAMING.LU suergt fir de Livestream vum Match den souwuel op LAOLA1.TV ewéi och op RTL.LU (nëmmen zu Lëtzebuerg) wäert iwwerdroe ginn.
7th Winmau Luxembourg Open
Vum 7ten bis de 9ten Oktober 2016 ginn d' Luxembourg Open am Darts gespillt. Et ass en Tournoi fir Jugend, Dammen an Hären, alleng oder an der Koppel. D' Winmau Luxembourg Open sinn den éischten Tournoi an der neier Saison zur Qualifikatioun fir World Championships 2018. Niewt de Punkten an der Weltranglëscht ginn et awer och Geldpräisser ze gewannen. Eng éischte Kéier gëtt den Tournoi am Gymnase vun der Coque gespillt a SPORTSTREAMING.LU ass zoustänneg fir de Livestream vun den (Hallef-) Finallen. Méi Infos fannt der och op www.fld.lu
